Iwwerall sin nach Fotoen bäigesaat gin !
Vill Spaass an bis d' nächst Joer...
Sonntag, 16. September 2007
cleaner than clean !!
9. an 10. September - Singapore
No 7 Stonne Flug si mir zu Singapore geland.
Chinatown
Little India
Sydeny - declared area
Adelaide
6.September
Mir si weider südlech op Adelaide gefuer. Hei war chillen ugesot. E bessi Park, e bessi Kino.

Donnerstag, 6. September 2007
Fraser Island am Reen
4. + 5. September
Mir si moies frei vun engem Monsterbus mat 4x4 ofgeholl ginn.

D'Zil ass Fraser Island, dei greisste Sandinsel vun der Welt. Hei ginn et nemme Sandpisten, oft si mir iwwert d'Plage gefuer.
D'Setzer am Bus waren zwar ganz komfortabel mee et ass een trotzdem gutt duerchgeresselt ginn.

carpet snake
Whale Watching
Sonntag, 2. September 2007
on the road again
1. an 2. September
Mir sinn innerhalb vun 2 Deeg ongefeier 1500 km gefuer.
Mir sinn awer nach ennerwee eng Zockerfabrik zu Tully kucke gaang an mir sinn eng Keier an d' Mier schwamme gaang.
Soss kenne mir net vill schreiwen well mir haaptsaechlech Kilometeren ofgezielt hunn, Camperen iwwerholl an doudege Wildlife bedauert hunn.
Deen Cassowarie ass eis net virun den Auto gelaf.back to the ocean
30.+ 31. August
Mir sinn nach eng Keier op de Great Barrier Reef gefuer (well et esou schei war).
Leider war d'Mier des Keier mei onroueg a mir hu ferm misse struewelen. Dofir hate mir kleng Bloderen un de Feiss, mee "wat een net embrengt, mecht ee mei haart"(Zitat Yves) .

Mittwoch, 29. August 2007
Great Barrier Reef
26. - 29.8.2007
Mir si vu Cape Tribulation mat engem Scheff op de Great Barrier Reef gefuer, fir do schnorschelen ze goen. D'Waasser war zwar e bessi kal mee mir hun lauter faarweg Fesch gesinn. GENIAL !!!!
Den Daintree National Park ass ee Rainforest, dee lauter ueral Planze beherbergt. Hei hu mir och eng helle Wull interessant Deiere gesinn, wei z.B. den Cassowarie.
An der Natur hu mir keng Krokodille gesinn - si ware bestemmt do, mee eben verstoppt...
Also ware mir op eng Krokodillefarm an do huet de Charel fir d'allereischt mol eng Schlaang em den Hals geluecht kritt - hien huet iwerliewt!
et ware vill Krokodille do an et war ganz spannend, wei si gefiddert goufen.
Abonnieren
Kommentare (Atom)