26. - 29.8.2007
Mir si vu Cape Tribulation mat engem Scheff op de Great Barrier Reef gefuer, fir do schnorschelen ze goen. D'Waasser war zwar e bessi kal mee mir hun lauter faarweg Fesch gesinn. GENIAL !!!!
Den Daintree National Park ass ee Rainforest, dee lauter ueral Planze beherbergt. Hei hu mir och eng helle Wull interessant Deiere gesinn, wei z.B. den Cassowarie.
An der Natur hu mir keng Krokodille gesinn - si ware bestemmt do, mee eben verstoppt...
Also ware mir op eng Krokodillefarm an do huet de Charel fir d'allereischt mol eng Schlaang em den Hals geluecht kritt - hien huet iwerliewt!
et ware vill Krokodille do an et war ganz spannend, wei si gefiddert goufen.
 
 
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen