Mittwoch, 29. August 2007
Great Barrier Reef
26. - 29.8.2007
Mir si vu Cape Tribulation mat engem Scheff op de Great Barrier Reef gefuer, fir do schnorschelen ze goen. D'Waasser war zwar e bessi kal mee mir hun lauter faarweg Fesch gesinn. GENIAL !!!!
Den Daintree National Park ass ee Rainforest, dee lauter ueral Planze beherbergt. Hei hu mir och eng helle Wull interessant Deiere gesinn, wei z.B. den Cassowarie.
An der Natur hu mir keng Krokodille gesinn - si ware bestemmt do, mee eben verstoppt...
Also ware mir op eng Krokodillefarm an do huet de Charel fir d'allereischt mol eng Schlaang em den Hals geluecht kritt - hien huet iwerliewt!
et ware vill Krokodille do an et war ganz spannend, wei si gefiddert goufen.
Samstag, 25. August 2007
nach e puer Andreck ...
Hei nach e puer Fotoen, dei mir iech nach weise wellen...
"Konscht" am Outback
Remarkable Rocks oder "Michelin-Charel"
"Tour de Flinders"
Sandboarding op Kangoroo Island
Heiansdo muss ee mol raschten
E Mirage ??
in the jungle
24. + 25. August 2007
Changement de decor: no 2 Stonnen Fluch ware mir an enger anerer Welt. Vun dem Outback si mer un d'Ostkuest an de Reebesch komm.
Hei de Reebesch aus der Gondel eraus

Hei schengt et besonnesch gutt de Japaner ze gefalen. Der ginn et hei esou vill wei Sand um Mier. Haut schloofe mer zu Port Douglas fir eis vun eisen ustrengenden Junglewalks ze erhuelen; ustrengend haaptsaechlech well mir 1 Stonn op der Gondelstatioun festsoutzen.
Basket Fern (leisst dee sech op der Kockelscheier uplanzen ??? )
Donnerstag, 23. August 2007
the red centre-Ayers Rock
20. - 23. August
Mat Groovy Grapes sin mir weider noerdlech bei den Uluru(den weltbekannten Ayers Rock) gefuer. Et war eng laaaang Rees bis dohin, mee owes konnten mir endlech den Sunset geneissen...
Sunset beim Uluru (Ayers Rock). Dir gesidd, mir geneissen ;-))
Dann den Sunrise...


Den Daag drop woren mir bei den Olgas wanderen. 
the Olgas
Nach een Daag mei speid (;) ) waren mir am Kings Canyon.
Kings Canyon
Daat ass een Swag, wou mir dran geschloof hun.
Sonntag, 19. August 2007
In the middle of nowhere
17.-19. August
Op eisem Wee an den Outback hu mir een Dag an de Flinders Ranges verbruecht.
Mountain-Bike op der Haaptstrooss ass do net einfach - et gett ee gutt duerchgereselt a mir kruten trotzdeem keen Andu ze gesinn.
Outback heescht vill Auto fueren, vill Stepps, monoton Landschaften, mee dat mescht den Outback aus.
Eise Grupp ass ganz ok - mir sinn dei eenzeg Schlappentouristen hei; all dei aner si mindestens fir 6 Meint an Australien.
Eis eischt Nuecht enner freiem Himmel an de Swags war ganz angenehm ronderem dem Lagerfeier aus alen Eisebunnsschwellen.
Haut schlofe mer ennerierdesch zu Coober Pedy an ennerierdesch schlecht ass och hir Internetsverbindung, dofir leider net vill Biller.



Kangaroo Island
15.- 16. August 2007
Eist eischt Erliewniss mat Groovy Grape war ganz gutt. Mir haten e genialen engleschen Witzbold an eiser Grupp, deen eis all ennerhal huet. Wei mir beim Sandboarding eis Schong ausgedo hunn, huet de Mal gemengt : Let's have a white feet contest---an dunn huet en dem Yves seng Feisss gesinn a gesot --- Oh, you're good at it, even better than me!

Op Kangaroo Island si mir punkto Wildlife voll op eis Kaeschte komm. An d' Remarcable Rocks ware wierklech remarkable.



e Koala -endlech !!

e possum

australesche Barbecue !!!
Dienstag, 14. August 2007
a fair drive to Adelaide
14.August 2007
Haut si mir um 6.30 a.m opgestan fir op Adelaide ze fueren. Hei ass et e bessi ewei am WildWest.
Eisen Auto si mir elo lass well mir muer mat Groovy Grapes op d'Kangoroo Island fueren (d'Thea ass scho richteg frou) an dono geet et an den Outback.
Et kann also sin, dass dir elo laang naischt mei vun eis heiert...
Haut si mir um 6.30 a.m opgestan fir op Adelaide ze fueren. Hei ass et e bessi ewei am WildWest.
Eisen Auto si mir elo lass well mir muer mat Groovy Grapes op d'Kangoroo Island fueren (d'Thea ass scho richteg frou) an dono geet et an den Outback.
Et kann also sin, dass dir elo laang naischt mei vun eis heiert...
Montag, 13. August 2007
et ass erem Wanter...
13. August 2007
't wor Wanter, 't wor kal, an 't wor deif an der Nuecht an mir sinn den Mt.Williams erop gaang, den hechsten Bierg an de Grampians. (Temp: Null Graad a Schnei !)
Dono si mer an e Streichelzoo gaang. Do konnte mir Kangoroo heemelen an fidderen .(Nico, erscheiss eis net...)



e Dingo
e Kakadu
600 Trapen aller-retour bis bei d' MacKenzie-falls, e bessi Sport deet jidderengem gutt. ("healhy nature-healthy people")
Sonntag, 12. August 2007
Et gett keng verlueren Zaeit, just gewonnen Zaeit
12.August 2007

D'Twelve Apostles hunn eis sou gutt gefall, dat mir direkt nach eng Keier dohi gaang sinn. Mir si vu Lookout zu Lookout gelaf an d'Schaueren sinn emmer komm, wa mir just am Auto soutzen. Nemmen d'Walen hunn d'Schaueren gefaart a si schein enner Waaser bliwen.

Changement de decor: Vun der Kuest si mer an d'Bierger gefuer - an d'Grampians.
Mir waren frou wei e Geck wei mer eisen eischte Kaenguru fir haut gesinn hunn an du koumen Felder voller Kaengurus...
dei grouss Begeeschterung !!!!
e puer km mei wait: ...
Rout, waiss, blo Villercher hu mer och gesinn, sinn et Letzebuerger?
D'Twelve Apostles hunn eis sou gutt gefall, dat mir direkt nach eng Keier dohi gaang sinn. Mir si vu Lookout zu Lookout gelaf an d'Schaueren sinn emmer komm, wa mir just am Auto soutzen. Nemmen d'Walen hunn d'Schaueren gefaart a si schein enner Waaser bliwen.
Changement de decor: Vun der Kuest si mer an d'Bierger gefuer - an d'Grampians.
Mir waren frou wei e Geck wei mer eisen eischte Kaenguru fir haut gesinn hunn an du koumen Felder voller Kaengurus...
dei grouss Begeeschterung !!!!
Rout, waiss, blo Villercher hu mer och gesinn, sinn et Letzebuerger?
Abonnieren
Kommentare (Atom)