Montag, 13. August 2007

et ass erem Wanter...


13. August 2007


't wor Wanter, 't wor kal, an 't wor deif an der Nuecht an mir sinn den Mt.Williams erop gaang, den hechsten Bierg an de Grampians. (Temp: Null Graad a Schnei !)





Dono si mer an e Streichelzoo gaang. Do konnte mir Kangoroo heemelen an fidderen .(Nico, erscheiss eis net...)

e Dingo


e Kakadu


Eise Picknick hu mir op engem wonnerscheine Lookout genoss.


600 Trapen aller-retour bis bei d' MacKenzie-falls, e bessi Sport deet jidderengem gutt. ("healhy nature-healthy people")




Haut den Owend mecht de Charel eis nach e gemiddlecht Kamaeinfeier mat Eucalyptusholz. Den Yves drenkt dozou saein Zeckerchen... a mir och ;-))




P.S. Leider kenne mir d'Fotoen op desem Computer net dreien, dofir dreit aeren Bildschirm... oder kuckt datt der eens gidd !

3 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Schein Fotoen! Maacht just nach Biller am Landscape, ech kreien schon den Tortikolli.
Charel, dengem Jengsten geet et gudd an en freed sech drop sein Papp erem ze gesinn.
Wenschen ierch nach vill schein Momenter!!
Greg

Unknown hat gesagt…

Waat iessen dann esou Kangouroen? Glace.. Kamellen... Chips... maacht iech keen schlecht Gewëssen ech geif och mol gäeren eng Keier een Waal heemelen awer net fidderen!
Kuckt emol op mir keng Animatiounen fir ons Klassen aus der Staad dohannen maachen kennen ennert dem Motto "Op de Spueren vum Crocodile Thea, Yves an Charel... Dat wir dach eppes Extraes.. do wir ons Gemeng bestemmt stolz drop....
Nico

Charel hat gesagt…

Nico, MIR SIN DOBAEI !!!